Déi nei Crèche zu Wäiswampich ...
fir Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer
Déi Crèche zu Wäiswampich ...
fir Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer
Déi nei Crèche zu Wäiswampich ...
fir Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer
Déi nei Crèche zu Wäiswampich ...
fir Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer
Déi nei Crèche zu Wäiswampich ...
fir Kanner vun 3 Méint bis 4 Joer
D‘Crèche Klengen Haas zu Wäiswampich
Et ass mat Hëllef vu senge fënnef Sënner,
dem Geschmaach, dem Gehéier, der Siicht, dem Fillen an dem Richen,
datt d’Kand d’Welt ronderëm eis entdeckt.
Vu senger Gebuert u verfüügt d’Kand schonn iwwer vill sensoriell Fäegkeeten. Et muss sech perfektionnéieren, beräichernd Erfarungen am Laf vu senger Kandheet erliewen. Dofir muss et grondleeënd Saache léieren, déi him hëllefe sech z’entwéckelen.
D‘Welt, dat sinn och d’Ënnerscheeder … d’Kulturen, d’Wäerter, d’Sproochen … alles dat ass eng wichteg Denkquell, dofir hu mir eis an dës Richtung engagéiert a mir wëlle jidderengem d’Méiglechkeet gi sech an der Crèche Klengen Haas z‘integréieren. De soziale Mix fir lëtzebuergesch Kanner a Grenzkanner ass eng reell Verflichtung.
Praktesch Informatiounen
Kapazitéit, Ophuelen an Zäiten
Kapazitéit : 40 Kanner
Ophuele vun de Kanner : 3 Méint bis 4 Joer
Ëffnungszäiten : vu méindes bis freides vun 5:00 bis 19:00 Auer
(Flexibilitéit méiglech)
Parking
D’Crèche Klengen Haas verfüügt iwwer
- Parkplazen "Kiss & Go" am Agang vun der Crèche
- 12 Bausseplazen
- En ënnerierdesche Parking mat direktem Zougang zur Crèche
Visitten
Deemnächst gi Visitten organiséiert.
Huelt w.e.g. e Rendez-vous per E-Mail : contact@klengen-haas.lu.
Chèque-Service
Eis Crèche
Eng modern a gemittlech Plaz, mat ganz vill Suergfalt ageriicht.
Mir hunn all Raum geplangt a kreéiert andeems mir all d‘Sécherheetsnorme respektéiert hunn. D’Kanner wäerten hei flott Momenter am Rhythmus vun den Aktivitéite verbréngen ... eng gënschteg Plaz fir d’Entspanen an d’Liesen ... fir d’Entwécklung vun der Motorik an der Sprooch. D‘Gestaltung vun engem Konschtraum fir den Theater, d’Marionnetten, an d’Musek ... déi ideal Plaz fir d’Konscht, säin Ausdrock, seng Emotiounen ze äusseren.
Déi Zon, déi dofir bestëmmt ass, d’Kanner z’empfänken, ass eng praktesch a gemittlech Plaz. Eng Empfanksplaz, wou d’Elteren hir Kanner einfach an allem Vertrauen an an aller Rou ofsetze kënne gouf ageriicht. D‘Kommunikatioun tëscht den Elteren an der Equipe ass och wichteg a mir huelen eis déi Zäit fir d’Kand an d’Elteren ze berouegen. Dee grousse Gaart erlaabt eis Baussestrukturen z’installéieren, fir hir gréisste Freed. Wonnerbar Erfarunge wéi d’Gaardenaarbecht, flott kollektiv Spiller dobaussen ... Bei schéinem Wieder ass e Bausseberäich reservéiert fir déi ganz Kleng an d’Puppelcher ...
D’Equipe
Fir eng Qualitéitsbetreiung besteet déi professionnell Equipe aus qualifizéierten Educateuren, enger Säuglingsschwëster souwéi aus Hëllefseducatricen an -educateuren. Dës villsäiteg Equipe gëtt vun der Direktioun iwwerwaacht, där hir Universitéitsstudie spezifesch ëm déi fréi Kandheet goungen, an déi si mat engem Bachelor en Sciences de l’Education an engem Bach
Dat qualifizéiert Personal vun der Crèche huet als Zil op déi sozial, affektiv, intellektuell a kierperlech Bedierfnesser vun de Kanner anzegoen. An och ... d’Elteren ze begleeden a mat hinnen d’Erfarungen ze deele,n wäert en Element vum Projet vun der Crèche Klengen Haas sinn. Den Austausch dréit dozou bäi eng echt Vertrauensbasis tëscht den Elteren, dem Personal vun der Crèche an dem Kand opzebauen. Mir organiséiere reegelméisseg Aktivitéiten mat Themenateliere fir datt d’Elteren an d’Kanner zesumme kënnen Zäit an der Crèche verbréngen.
Pedagogeschen Usaz
D’Liewen an der Crèche
D’Liewen an der Crèche ass eng reell Erfarung wat d’soziaalt Liewe vum Kand betrëfft. Mir engagéieren eis fir déi beschten Erzéiungsmethoden an déi bescht Methode fir d‘perséinlech Entwécklung ze benotzen. All Kand ass eenzegaarteg wat säi sozialen Niveau, seng Kultur a seng Sprooch ugeet. ... un eis fir déi universell a grondleeënd Wäerter ze vermëttelen, déi d’Kand bei sengen éischte Schrëtt an d’Schoul an an d’Liewe leede wäerten. Déi bescht Methode fir d’Erzéiung a fir d‘perséinlech Entwécklung. Ausgeschafft Methode fir d’Kanner unzereege sech ze respektéieren, déi aner ze respektéieren an e Gefill ze kréie fir ze deelen an d’Entgéintkommen.
Geleet a fräi Aktivitéiten
is geleet oder fräi Aktivitéite wäerten d’Kanner ronderëm edukativ Beräicher, déi vum Edukatiounsministère gefuerdert sinn, ureegen:
- Kreativitéit, Konscht, Esthetik
- Sprooch, Kommunikatioun a Medien
- Beweegung, Kierperbewosstsäin a Gesondheet
- Wäerter, Matmaachen, Demokratie
- Emotiounen a sozial Bezéiungen
- Wëssenschaften an Technik
Pedagogesch Aktivitéiten
Déi individuell oder kollektiv pedagogesch Aktivitéite begënschtegen déi sozial, edukativ, kognitiv, linguistesch a psychomotoresch Entwécklung beim Kand. D’Kand bilt sech och iwwer de Spaass ... eis Roll ass et an engem spilleresche Kontext ze léieren, d’Sënner ze stimuléieren an de Virwëtz z’erwächen. D‘Aktivitéite fir déi Grouss sinn op d’Virbereedung fir d’Schoul orientéiert.
Den Dag ass ausgeglach duerch déi verschidden Aktivitéiten, vu rouege Momenter wéi dem Liese vun enger Geschicht (op Franséisch an op Lëtzebuergesch), oder dem Lauschtere vu klassescher Musek ... dem Mëttegiessen, der Mëttesrascht, der Nomëttesschmier, dem Zännwäschen, Massagen an Zesummenaarbecht mat eiser Säuglingsschwëster.
Dat pedagogescht Konzept, souwéi de Programm kritt Dir bei der Umeldung.
D’Natur
An der frëscher Loft liewen
Eis Kanner liewen ëmmer manner an der frëscher Loft an et ass wichteg si an d’Welt dobaussen anzeféieren a se z‘entdecken. D‘Kand brauch d’Natur, well si ass eng Quell fir sech wuelzefillen. Studien hu bewisen, datt si hir Fantasie befligelt, d’Kand kann instinktiv Geschichten erfannen, wéi eng Kroun mat Blieder bastelen, Steng zesummeleeë fir Figuren z’erfannen, mat engem Bengel am Sand molen, e Schatz fannen ... an dësem Kontext brauch et keng Spillsaachen.
Autonomie an Entspanen
D’Autonomie gëtt gefuerdert, d’Kand test sech an dësem Beräich a probéiert iwwer seng Grenzen erauszegoen, et kritt Vertrauen a sech selwer, seng Gestik gëtt fräigesat. D‘Natur ass eng Entspanungsquell, si reduzéiert de Stress. Esou kann d’Kand seng sensoriell Fäegkeeten entwéckelen, well d’Natur léiert eis ze lauschteren, ze héieren, ze richen an ze beobachten. No engem Spadséiergang sinn d’Kanner méi roueg an d’Resultat ass ganz nëtzlech fir hir Gesondheet an hir Konzentratioun. Mat der Zäit gi si sech de Liewewiese bewosst, de Blummen an de Planzen, den Déieren, de Joreszäiten, dem Himmel, de Stären ... an hire Virwëtz entwéckelt sech ëmmer weider.
Perséinlech Entwécklung
D’Crèche Klengen Haas wäert säi Bäitrag zur perséinlecher Entwécklung vum Kand leeschten andeems se de Bausseberäich zum Beschten ausnotzt, d’Kanner profitéiere vun enger besonnescher Plaz just fir d’Gaardenaarbecht. Mir organiséiere reegelméisseg Ausflich zu Themen, déi am Zesummenhang mat der Natur stinn, wéi Besich op engem Bauerenhaff, Spadséiergäng am Bësch, Besich vun historeschen a spezifesche Plazen an eiser Regioun.
Mir hunn och eng Partnerschaft, déi eis erlaabt d’Liewe mat de Ponyen ze deelen, se ze heemelen, se ze kämmen a se ze fidderen ... mir bréngen d’Kanner ofwiesselnd dohinner fir datt si voll vum Moment profitéiere kënnen.
Konscht, Musek, Gesang, Theater, Gaardenaarbecht, Sproochen, ...
Vill ofwiesselnd Aktivitéiten
D’Crèche Klengen Haas bitt vill Aktivitéiten, déi d’Entwécklung vun de Sënner an d’Léiere ganz duuss ustrieft. Spillen a léiere mat Spaass, d’Welt entdecken, déi eis ëmgëtt ronderëm verschidden Themen, déi mir u jiddereen upassen, wéi d’Konscht, d’Musek, de Gesang, den Theater, den Danz, d’Gaardenaarbecht, d’Sproochen, … der Kreativitéit fräie Laf loossen.
Plaz fir d’Sproochen
An engem méisproochegen Ëmfeld entwéckelt sech Äert Kand an engem linguistesche Kontext, wou déi geschwate Sprooche Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch sinn, ganz am Respekt mat der Entwécklung vun der Mammesprooch.
Iessen an Aschlofen
Gesellegkeet an Entspanen
D’Iessen ass e Moment a Gesellegkeet, wou d’Erwäche vum Geschmaach am Vierdergrond steet. Et ass och e Moment fir z’entspanen a fir ze sozialiséieren.
Uebst a Geméis
Mir bevirzuge frëscht Uebst a Geméis vun der Saison, Produkter wéi Brout, Mëllech a Jus vun Händler aus der Regioun ….. déi gutt Gewunnechte léiert ee vu Klengem un….. eng gesond an ausgeglach Ernierung fir den Tank mat gudder Energie opzefëllen. D‘Iesse gëtt vun enger vun eis ausgewielter Firma geliwwert, déi an hirem Beräich unerkannt ass.
D‘Ritual vum Aschlofen
De Schlof vum Puppelchen ass ganz wichteg fir seng Entfalung. Fir d’Kand ze berouegen an d’Aschlofphas z’erliichteren, liese mir hinnen eng Geschicht vir oder lauschteren Hannergrondmusek. D‘Kummer ass eng roueg Plaz mat berouegende Faarwen, d’Kand fënnt do seng Bezuchspunkter wéi Doheem. D‘Rou bereet d’Kanner op d’Aschlofe vir: de Grupp vun deene méi grousse mécht eng Mëttesrascht nom Mëttesiessen. Fir déi méi Kleng respektéiere mir de Schlof a Funktioun vun hire Bedierfnesser an hirem Rhythmus. De Petzi an d’Suckel vum Kand ginn him fir all Mëttesrascht ugebuede fir säi Schlofritual ze respektéieren.
Kontakt
Crèche Klengen Haas
2, Duarrefstrooss
L-9990 Wäiswampich
Mail : contact@klengen-haas.lu
Tel. : 00352 26908413 ou +352 691270576
Wäiswampich
D’Gemeng vu Wäiswampich läit am Nordoste vu Lëtzebuerg, um Rand vun der Belsch an Däitschland. Dës exzellent Lag schaaft eng grouss wirtschaftlech Entwécklung an trotzdeem behält d’Regioun säi ländleche Charakter. D‘Natur gëtt erhalen a bitt eng Liewensqualitéit, déi net vun der Hand ze weisen ass.
Tatsächlech fannt Dir op e puer Kilometer den Akafszenter Massen, d’Land an e Fräizäitzenter verschéinert vun engem Séi. Et léisst sech gutt liewen zu Wäiswampich.
Crèche Klengen Haas | 2, Duarrefstrooss - L-9990 Wäiswampich | Mail : contact@klengen-haas.lu | Tel. : +352 691270576